Stellenangebote

E Receptionnist (m/f)

E Receptionnist (m/f)

Referenz MSS_ERP_ACC_1-2019

Mir sichen fir den Accueil an eisem Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp” zu Ierpeldeng/Sauer an an eiser Haaptadministratioun zu Dummeldeng

e Receptionnist (m/f)
Ref. MSS_ERP_ACC_1-2019
20 Stonnewoch | Kontrakt op onbegrenzten Zäit

Däi Profil :

  • Kontaktfreedeg sinn, Sënn fir Wäerter an Ethik hunn
  • Empathesch, Teamgeescht a bereet sinn Initiativen ze huelen
  • Eegestännegkeet, Organisatiounssënn a Flexibilitéit
  • Beruffserfahrung am administrative Beräich erwënscht
  • Gutt Kenntnisser am Word, Excel an Outlook
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen a schreiwen


Deng Aufgaben :

  • Den Empfaang (physesch an Telefon) mat Freed garantéieren
  • Duerchféiere vu verschiddenen administrativen Aufgaben (Courrier traitéieren…)
  • Verwalte vun de Reservatioune vun de Säll an den Autoen
  • Geréiere vum Stock vum Büro- an Infomaterial
  • A jour halen vun den Dossiere vun eise Beneficiairen
  • Begleede vu Stagiairen
  • Schaffe laut engem Schichteplang vun méindes op sonndes


Mir bidden dir :

  • All Dag en neien Challenge deen deng Kreativitéit an däin Asaz freet
  • D’Méiglechkeet an engem oppenen a wäertschätzenden Team vertrauensvoll ze schaffen
  • Aktiv beim Ausschaffen a Weiderentwéckele vu Projeten matzewierken
  • Ofwiesslungsräich an eegestänneg Aufgaben duerchzeféieren
  • Perséinlech Entwécklungsméiglechkeeten
  • Aussiicht eng Referenzpersoun an engem spezifesche Beräich ze ginn
  • Gehalt laut SAS-Kollektiv-Vertrag


Demande mat Liewenslaf an enger Foto schécks du w.e.g. un déi ënne genannten Adress.
Eng éischt Selektioun gëtt un Hand vun de Kandidature gemaach.

Association Luxembourg Alzheimer a.s.b.l.
Administration du Personnel | B.P. 5021 | L-1050 Luxembourg
personnel@alzheimer.lu 

Bewerben



Cookies sind notwendig für das reibungslose Funktionieren dieser Webseite. Durch die Nutzung dieser Webseite erklären Sie sich mit der Verwendung von Cookies einverstanden. Mehr erfahren