Stellenangebote

E Mataarbechter fir an de Ressources Humaines (m/f)

E Mataarbechter fir an de Ressources Humaines (m/f)

Referenz SRH_GRH_1-2019

Mir siche fir eise Service Ressources Humaines an eiser Haaptadministratioun zu Dummeldeng

e Mataarbechter fir an de Ressources Humaines (m/f)
Ref. SRH_GRH_1-2019
20 Stonnewoch | Kontrakt op onbegrenzten Zäit

Däi Profil:

  • Kontaktfreedeg sinn, Sënn fir Wäerter an Ethik hunn
  • Empathesch, Teamgeescht a bereet sinn Initiativen ze huelen
  • Eegestännegkeet, Organisatiounssënn a Flexibilitéit
  • Op mannst 2 Joer Beruffserfahrung am administrativen RH-Beräich
  • Kenntnisser am Aarbechts- a Sozialrecht
  • Gutt Kenntnisser am Word, Excel an Outlook
  • Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen a schreiwe kënnen
  • Kenntnisser vum soziale Secteur si vu Virdeel


Deng Aufgaben:

  • Beäntwere vun den Ufroen vun eisen internen an externen Uspriechpartner
  • De Suivi vun de Personaldossiere garantéieren
  • Suivéiere vum Recrutementsprozess
  • Organiséieren a suivéieren vun den internen an externe Formatiounen
  • Duerchféiere vun administrativen Aufgaben déi un de Service Ressources Humaines gebonne sinn (Bréiwer oder Kontrakter opstellen…)
  • Hëllefe beim Erstelle vun de Paien


Mir bidden dir:

  • All Dag eng nei Erausfuerderung déi deng Kreativitéit an däin Asaz freet
  • D’Méiglechkeet an engem oppenen a wäertschätzenden Team vertrauensvoll ze schaffen
  • Aktiv beim Ausschaffen a Weiderentwéckele vu Projeten matzewierken
  • Ofwiesslungsräich an eegestänneg Aufgaben duerchzeféieren
  • Perséinlech Entwécklungsméiglechkeeten
  • Aussiicht eng Referenzpersoun an engem spezifesche Beräich ze ginn
  • Gehalt laut SAS-Kollektiv-Vertrag


Demande mat Liewenslaf an enger Foto schécks du w.e.g. un déi ënne genannten Adress.
Eng éischt Selektioun gëtt un Hand vun de Kandidature gemaach.

Association Luxembourg Alzheimer a.s.b.l.
Administration du Personnel | B.P. 5021 | L-1050 Luxembourg
personnel@alzheimer.lu

Bewerben



Cookies sind notwendig für das reibungslose Funktionieren dieser Webseite. Durch die Nutzung dieser Webseite erklären Sie sich mit der Verwendung von Cookies einverstanden. Mehr erfahren