Stellenangebote

1 Wunnberäichsleedung (m/w)

1 Wunnberäichsleedung (m/w)

D’Association Luxembourg Alzheimer rekrutéiert fir hiert Wunn- a Fleegeheem zu Ierpeldeng un der Sauer

1 Wunnberäichsleedung (m/w)
Kontrakt op onbegrenzten Zäit | 40 Stonnewoch


Äre Profil
• Infirmier, Infirmier psychiatrique
• Minimum 3 Joer Beruffserfarung an enger ähnlecher Positioun
• Erfarungen a Kenntnisser am geronto-psychiatresche Beräich
• Eng staark Perséinlechkeet mat Féierungsqualitéiten
• Computerkenntnisser am Word, Excel an Outlook
• Gutt Grondkenntnisser iwwer déi lëtzebuergesch Gesetzgebung am Aleberäich an iwwer d’Fleegeversécherung
• Dir kënnt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen a schreiwen

Är Missioun
• Eegestänneg Leedung vun 2 Wunnberäicher
• Verantwortlech fir eng qualitativ héichwäerteg Betreiung, Fleeg a Begleedung vun eise Bewunner an hire Familljen
• Gestioun vun enger multidisziplinärer Equipe vun +/- 35 Persounen
• Suerge fir eng adequat Formatioun vum Personal
• Personal bestäerken an an hirer Aarbecht ënnerstëtzen
• Organisatioun, Preparatioun an Animatioun vu Reuniounen
• Gestioun vun der Dokumentatioun iwwert eis Bewunner
• Participatioun u verschiddene Projeten an Aarbechtsgruppen

Dir sidd
• Kontaktfreedeg an hutt e respektvollen Ëmgang mat Leit
• Flexibel a belaaschtbar
• Empathesch a besëtzt Teamgeescht
• Eegestänneg, organiséiert a schafft zilorientéiert

Demande mat Liewenslaf an enger Foto schéckt Dir w.e.g. bis spéitstens den 10. Dezember 2018 un déi ënne genannten Adress. Eng Virwahl gëtt un Hand vun de Kandidature gemaach.

Association Luxembourg Alzheimer a.s.b.l.
Administration du Personnel | B.P. 5021 | L-1050 Luxembourg

Bewerben



Cookies sind notwendig für das reibungslose Funktionieren dieser Webseite. Durch die Nutzung dieser Webseite erklären Sie sich mit der Verwendung von Cookies einverstanden. Mehr erfahren