Stellenangebote

1 Responsabel Ressources Humaines

1 Responsabel Ressources Humaines

D’Association Luxembourg Alzheimer rekrutéiert

1 Responsabel Ressources Humaines (m/w)
Kontrakt op onbegrenzten Zäit/40 Stonnewoch


Är Missioun
• Eegestänneg Leedung a Gestioun vum Service bestoend aus de Voleten Personalwiesen, Weiderbildung a Qualitéit
• Propositiounen an Ëmsetzung vu Strategien am Aklang mat den Objektiver an de Wäerter vum Betrib, ënnert der direkter Leedung vun der Direktioun
• Verantwortlech fir en dynamesche Sozialdialog
• Verantwortlech fir eng qualitativ héichwäerteg Personalpolitik:
- den Developpement vun de Kompetenzen
- d’Promotioun an d’Gestioun vun de Carrièren
- de Rekrutement vum Personal
• Fir eng adequat Formatioun vum Personal suergen duerch d’Identifikatioun an den Developpement vu Weiderbildungen
• Personal an hirer Aarbecht bestäerken an ënnerstëtzen
• Organisatioun, Preparatioun an Animatioun vu Reuniounen
• Developpement vu Prozeduren, Standarden an Evaluatiouns-techniken
• Participatioun u verschiddene Projeten an Aarbechtsgruppen
• Gestioun vun de Personaldossieren

Äre Profil
• Minimum 5 Joer Beruffserfahrung an enger ähnlecher Positioun
• Erfahrung a Kenntnisser an der Gestion Ressources Humaines
• Eng staark Perséinlechkeet mat Féierungsqualitéiten
• Maîtrise vun den MS-Office-Programmer
• Prononcéiert Kenntnisser am administrative Beräich
• Gutt Grondkenntnisser iwwert déi lëtzebuergesch Gesetzgebung am Aleberäich, iwwert d’Aarbechtsrecht an d’Aarbechts­psychologie
• Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen a schreiwe kënnen

Dir sidd
• Eng Persoun, déi Verantwortung iwwerhuele wëllt
• Kontaktfreedeg an hutt e respektvollen Ëmgang mat Leit
• Flexibel a belaaschtbar
• Empathesch a besëtzt Teamgeescht
• Eegestänneg, organiséiert a schafft zilorientéiert

Mir bidden Iech
• Villfältegkeet an Eegestännegkeet beim Ausübe vun Ärer Aarbecht
• D’Méiglechkeet an engem oppenen a wäertschätzenden Team vertrauensvoll ze schaffen
• Eng Remuneratioun nom CCT SAS

Demande mat Liewenslaf an enger Foto schéckt Dir w.e.g. bis spéitstens den 30. Juni 2019 un déi ënne genannten Adress. Eng Virwahl gëtt un Hand vun de Bewerbungsënnerlage gemaach.
Viraussiichtlechen Astellungsdatum: September 2019

Association Luxembourg Alzheimer a.s.b.l.
Administration du Personnel | B.P. 5021 | L-1050 Luxembourg

Bewerben



Cookies sind notwendig für das reibungslose Funktionieren dieser Webseite. Durch die Nutzung dieser Webseite erklären Sie sich mit der Verwendung von Cookies einverstanden. Mehr erfahren