Stellenangebote

1 Psychomotricien (m/w) oder 1 Ergotherapeut (m/w)

1 Psychomotricien (m/w) oder 1 Ergotherapeut (m/w)

D’Association Luxembourg Alzheimer rekrutéiert fir de Service thérapeutique

1 Psychomotricien (m/w) oder 1 Ergotherapeut (m/w)
Kontrakt op onbegrenzten Zäit/30 Stonnewoch


Är Missioun
• Encadrement an therapeutesch Begleedung vun de Bewunner, Clienten oder Dagesgäscht
• Suivi an Duerchféierung vun Ënnerstëtzungsmoossnamen am Kader vun der Fleegeversécherung
• Bäidroen zum gudde Fonctionnement vum Service thérapeutique

Äre Profil
• Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom
• Erfahrungen a Kenntnisser am geronto-psychiatresche Beräich
• Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
• Flexibilitéit
• Teamfäegkeet an Hëllefsbereetschaft
• Computerkenntnisser a Word, Excel an Outlook
• Gutt Grondkenntnisser iwwer déi lëtzebuergesch Gesetzgebung am Aleberäich an iwwer d’Fleegeversécherung
• Am Besëtz vun engem Führerschäin

Mir bidden Iech

• Villfältegkeet an Eegestännegkeet beim Ausübe vun Ärer Aarbecht
• D’Méiglechkeet an engem oppenen a wäertschätzenden Team vertrauensvoll ze schaffen
• Intern an extern Formatiounen
• Kollektivvertrag SAS

Demande mat Liewenslaf an enger Foto schéckt Dir w.e.g. bis spéitstens den 22. Abrëll 2019 un déi ënne genannten Adress. Eng Virwahl gëtt un Hand vun de Bewerbungsënnerlage gemaach.

Association Luxembourg Alzheimer a.s.b.l.
Administration du Personnel | B.P. 5021 | L-1050 Luxembourg

Bewerben



Cookies sind notwendig für das reibungslose Funktionieren dieser Webseite. Durch die Nutzung dieser Webseite erklären Sie sich mit der Verwendung von Cookies einverstanden. Mehr erfahren